Är Meenung iwwer de Sport zielt!
Gemeng Käl lancéiert eng Ëmfro fir erauszefannen, wat den Awunner am Beräich Sport wichteg ass. Op Grouss oder Kleng, deelt eis är Wënsch, Besoinen an Iddie mat. Är Äntwerten hëllefen eis dobäi, déi sportlech Aktivitéiten an Infrastrukturen an Zukunft nach besser un d’Interesse vun eisen Awunner unzepassen.
Dir hutt d’Wuert! Scannt de QR-Code ënnen op der Säit an hëlleft eis, d’Zukunft vum Sport an eiser Gemeng ze gestalten.
Bei Froen kënnt Dir Iech gären ënnert der Nummer 56 66 66-281 oder per E-Mail un sport@kayl.lu wenden.



