Budget participatif
Partizipative Budget 2026
De partizipative Budget gëtt Iech d'Méiglechkeet, Iddien anzereechen, fir Är Gemeng ze verbesseren an aktiv zu hirer Entwécklung bäizedroen.
Fir de partizipative Budget 2026/2027 gi 70.000 € aus dem Gemengebudget fir d'Ëmsetzung vu Projeten agesat, déi vun den Awunnerinnen an Awunner virgeschloe a gewielt goufen.
De Prinzip ass einfach:
💡 Dir reecht eng Iddi an.
🗳️ D'Awunnerinnen an Awunner stëmme fir hir Liblingsprojeten of.
🚀 D'Gemeng setzt déi ausgewielte Projeten ëm.
Service de la Coordination
Citoyenne
📞56 66 66 280
📧 zesummeliewen@kayl.lu
Phasen
Vott
✅ Stëmmt fir Är Liblingsprojeten of! ✅
Ënnerstëtzt déi Projeten, déi Iech besonnesch um Häerz leien: Dir hutt 5 Stëmmen, déi Dir no Ärem Wonsch verdeele kënnt. Dir kënnt bis zu 2 Stëmmen un dee selwechte Projet verginn, wann en Iech besonnesch wichteg ass. Är Stëmm hëlleft mat ze entscheeden, wéi eng Projete realiséiert ginn.
Gitt Är Stëmm
Wéi wielen
- Wielt Är gewënschte Optiounen andeems Dir op "Wielt" tippt.
- Dir kënnt maximal 2 Stëmmen pro Optioun derbäisetzen.
- Wann Dir fäerdeg sidd, klickt op "Submit" fir Är Stëmm ofzeginn.
Dir kënnt wielen bis den 31. Mäerz 2027.

