Budget participatif
Partizipative Budget 2026
De partizipative Budget gëtt Iech d'Méiglechkeet, Iddien anzereechen, fir Är Gemeng ze verbesseren an aktiv zu hirer Entwécklung bäizedroen.
Fir de partizipative Budget 2026/2027 gi 70.000 € aus dem Gemengebudget fir d'Ëmsetzung vu Projeten agesat, déi vun den Awunnerinnen an Awunner virgeschloe a gewielt goufen.
De Prinzip ass einfach:
💡 Dir reecht eng Iddi an.
🗳️ D'Awunnerinnen an Awunner stëmme fir hir Liblingsprojeten of.
🚀 D'Gemeng setzt déi ausgewielte Projeten ëm.
Service de la Coordination
Citoyenne
📞56 66 66 280
📧 zesummeliewen@kayl.lu
Phasen
Machbarkeetsanalys
🔍 Mir iwwerpréiwen Är Virschléi! 🔍
D'Gemeng analyséiert all Iddi, fir hir technesch, juristesch a finanziell Ëmsetzbarkeet ze iwwerpréiwen. Nëmmen déi Virschléi, déi realistesch ëmgesat kënne ginn, kommen an déi nächst Etapp. Dir gitt iwwert d'Resultater informéiert.

