Dateschutzrichtlinn
Verantwortlech fir d'Dateveraarbechtung:
Go Vocal NV - Pachecolaan 34 - 1000 Bréissel - Belsch
Kontakt-E-Mail-Adress: support@govocal.com
Organisatioun: //insert client contacts
1. DATESCHUTZRICHTLINN
Dës Dateschutzrichtlinn gëlt fir 'Perséinlech Donéeën', déi Go Vocal am Optrag vun der Organisatioun op dësem Site sammelt.
2. WAT SI PERSÉINLECH DONNÉEËN?
An dëser Dateschutzrichtlinn bezéie sech perséinlech Donnéeën op Informatiounen, duerch déi Dir identifizéiert gi kënnt. Eng identifizéierbar Persoun, ass eng Persoin, déi direkt oder indirekt identifizéiert ka ginn, besonnesch duerch eng Identifukatiounsnummer oder duerch een oder méi Fakteuren, déi mat der kierperlecher, physiologescher, mentaler, ökonomescher, kultureller oder sozialer Identitéit zesummenhänken. En typescht Beispill fir perséinlech Informatioune sinn Ären Numm an E-Mail-Adress.
3.WAT FIR PERSÉINLECH DONNÉEË SAMMELE MIR?
Mir sammelen Är Perséinlech Donnéeën aus de folgenden dräi Quellen:
3.1 Perséinlech Donnéeën, déi Dir wärend der Registréierung op der attform zur Verfügung stellt, vun deenen e puer fräiwëlleg sinn.
D'Perséinlech Donnéeën, déi mir vun Iech sammelen, sinn:
- Vir- an Nonumm
- E-Mail-Adress
- Gebuertsjoer
- Geschlecht
- Wunnuert
- Prefereiert Sproch
Dës Lëscht kann op Wonsch vun der Organisatioun erweidert ginn. Wann Dir Iech iwwer en Drëttubidder vun Authetifizéierungen wéi Google Accounts, Facebook oder FranceConnect umellt, kréie mir dës Donnéeë vun deenen. Wann Dir Är Identitéit iwwer en Drëttidentitéitsprovider verifizéiert wéi COW, FranceConnect oder CSAM wëllt, kréie mir dës Informmatioune vun deenen.
3.2 Perséinlech Donnéeën, déi Dir zur Verfügung stellt, wann Dir op eiser Plattform aktiv sidd.
All Aktivitéit, déi Dir op der Plattform ausféiert (Ofstëmmen, eng Iddi posten, e Kommentar schreiwen, eng Ëmfro beäntweren,...) gëtt registréiert a gespäichert. Dës Donnéeë ginn och mat Äre Registréierungsdonnéeë verbonnnen (3.1), wat bedéit, datt d'Organisatioun Äre Plattformprofil mat den Donnéeë aus Ärer Partizipatioun verbanne kannn.
3.3 Perséinlech Donnéeën, déi mir sammelen, wann Dir dës Plattform besicht.
Mir (an Drëttveraarbechter, déi an eisem Numm agéieren) sammelen Informatiounen iwwer d'Notzung vun eiser Plattform, fir d'Funktion a Sécherheet op der Plattform ze beurdeelen. Dofir sammele mir technesch Donnéeën, déi Iech identifizéiere kënnen, wéi z.B. Är IP-Adress a Browserinformatiounen. Andeem Dir eise Service notzt, erkläert Dir Iech domat averstanen, datt dës Donnéeë gesammelt ginn.
Mir sammelen och Benotzungsdaten, fir eise Servicer ze verbesseren. Dir kënnt dëser Sammlung jidderzäit am Consent Manager widderspriechen.
4. WÉI NOTZE MIR PERSÉINLECH DONNÉEËN?
Mir notze perséinlech Donnnéeë fir déi folgend Zwecker:
- Virun allem, fir Är Bäiträg der Oganisatioun mat relevantem Kontext matzedeelenn, a fir aggregéiert Rapporten iwwer all Donnéeën, déi op dëser Plattformm gesammelt goufen, opzestellen, fir hiren Entscheedungsprozess ze ënnerstëtzen.
- Fir Äre Benotzer-Profil op dësem Site unzeleeën an ze ënnerhalen.
- Fir d'Identifakatioun an d'Authentifikatioun vu Benotzeren ze verwalten.
- Fir Informatiounen iwwer Är Communautéit zur Verfügung ze stellen an/oder Iech ze prevenéieren, wann Aktivitéieten op der Plattform Iech interesséiere kéinten. Dir kënnt Iech jidderzäit vu Benotzer-E-Mailen vun Äremm Benotzer-Profil ofmellen.
- For eis Servicer ue verbesseren anhir Funnktionalitéit ze iwwerwaachen.
D'perséinlech Donnnéeë ginn nëmmen esou laang gespäichert a verschafft, wéi et fir d'Veraarbechtung néideg ass. Duerno ginn d'Doneeë geläscht oder anonymoséiert.
5.MAT WIEM DEELE MIR ÄR PERSÉINLECH DONNÉEËN?
Mir deelen eis perséinlech Donnéeë mat der Organnisatioun an derem Numm mir dës Donnéeë sammelen. Mir deelen Är perséinlech Donnnéeë mat de Sub-Processoren, déi an eisem Numm schaffen. Mir wäerten Är perséinlech Donnéeë weder un aner Déngschtleeschter verkafen oder verlounen nach mat Déngschtleeschteren deelen, déi net konform mat der GDPR sinn.
6.WOUHIN IWWERMËTTELE MIR ÄR PERSÉINLECH DONNÉEËN?
Mir iwwermëttelen Är perséinlech Donnéeën nëmmen un Déngschtleeschter ausserhalb dem Europäesche Wirtschaftsraum, wann si mat dem Artikel 44 GDPR konform sinn.
7.WATFIR RECHTER HUTT DIR?
Dir hutt d'Recht, Är perséinlech Donnéeë jidderzäit ze kontrolléieren an d'Recht, doriwwer informéiert ze ginn, wat Go Vocal mat Äre perséinlechen Donnéeë mécht.
7.1 Recht top Nobesserung, Läschung oder Aschränkung vun der Veraarbechtung
Dir kënnt fräi entscheeden, ob Dir Go Vocal Är perséinlech Donnéeën zur Verfügung stelle wëllt oder net. Zousätzlech hutt Dir ëmmer d'Recht, ze verlaanegn, datt Go Vocal Är perséinlech Donnéeë korrigéiert, ergänzt oder läscht. Dir akzeptéiert, datt e Refus, perséinlech Donnéeën zur Verfügung ze stellen oder eng Ufro, fir Är Donnéeën ze läschen bedéit, datt Dir vu bestëmmte Servicer net méi profitéiere kënnt. Dir kënnt och ufroen, datt d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnnéeën ageschränkt gëtt. Wann Dir Äre Kont vun der Plattform läscht, ginn d'perséinlech Donnéeën, déi iwwer Iech gesammlt goufen, vun eise Servere geläscht. Bestëmmte perséinlech Informatioune kënnen an den Zougangsdate bleiwen, déi mir aus rechtlechen a Sécherheetsgrënn bis zu 30 Deeg behalen.
7.2 Rech top Widdersproch
Dir hutt d'Recht, aus seriöen a legitime Grënn der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze widderspriechen. Zousätzlech hutt Dir ëmmer d'Recht, der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën fir Direktmarketingzwecker ze widderspriechen; an esou Fäll musst Dir keng Grënn uginn.
7.3 Recht op Dateniwwerdroung
Dir hutt d'Recht, Är perséinlech Donnéeën, déi Dir Go Vocal zur Verfügung gestallt hutt, an enger strukturéierter, typescher a maschinneliesbarer Form ze kréien an/oder si un aner dateschutzverantwortlech Persoune weiderleeden ze loossen.
7.4 Recht, Är Awëllegung ze widerruffen
Wann d'Veraarbechtung op Ärer viregter Awëllegung baséiert, hutt Dir d'Recht, dës Zoustëmmung ze widderruffen.
7.5 Är Rechter ausüben
Dir kënnt Är Rechter ausüben, andeem Dir Go Vocal zu dësem Zweck kontaktéiert, entweder mat enger E-Mail un support@govocal.com, mat der Post un Pachecolaan 34, 1000 Bréissel, Belsch oder mat dem “Kontaktéiert eis”-Formulaire op eisem Site, wann Dir eng Kopie vum Recto vun Ärer Carte d'Identité matschéckt.
7.6 Automatiséiert Decisiounen a Profiling
D'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeë schléisst Profiling net mat an ënnerläit kengen automateschen Decisiounen duerch Go Vocal.
7.7 Recht, eng Doleance anzeleeën
Dir hutt d'Recht, eng Doleance bei der Dateschutzauthoritéit vun Ärem Land anzeleeën, oder bei der belscher Dateschutzauthoritéit, déi fir Go Vocal zoustäneg ass: Drukpersstraat 35, 1000 Bréissel, Belsch, Tel +32 (0)2 274 48 00, Fax +32 (0)2 274 48 35, E-Mail: contact@adp-gba.be. Dat wierkt sech net op d'Hëllef vun engem Zivilgeriicht aus.
8. ZOUSÄTZLECH INFORMATIOUNEN IWWER DATESAMMLUNG- A VERAARBECHTUNG
Legal Veraarbechtung
Go Vocal an d'Organisatioun, fir déi mir dës Donnéeë veraarbechten, kënnen am Fall vun ongerlaabter Benotzung vun dëser Applikatioun oder den domat verbonnene Servicer, perséinlech Benotzerdaten fir legal Zwecker, fir d'Geriicht oder legal Veraarbechtungsprozessphase benotzen. Dem Benotzer ass bewosst, datt Go Vocal an d'Organisatioun, mat der mir schaffen, obligéiert ka sinn, d'perséinlech Donnéeën op Ufro vu kompetente Regierungsistitutiounen fir d'Dateveraarbechtung erauszeginn. D'rechtlech Basis fir dës Veraarbechtung ass d'Akzeptanz vun den allgemenge Geschäftsbedéngungen (vertraglech Basis) an Averständnes.
Sécherheetsmoossnamen
Go Vocal huet Sécherheetsmoossnamen entwéckelt, déi un den techneschen an organisatoreschen Niveau ugepasst goufen, fir Zerstéierung, Verloscht, Fälschung, Verännerung, onerlaabten Zougang oder d'Iwwermëttlung a groussem Ëmfang vu perséinlechen Donnéeën un Drëttubidder, esouwéi all aner onerlaabt Veraarbechtung vun dësen Donnnéeën ze verhënneren. Ënner kengen Ëmstänn ka Go Vocal fir en direkten oder indirekte Verloscht opgrond vun net korrektem oder ongesetzlechem Gebrauch vun Äre perséinlechen Donnéeën duerch Drëttpersounen verantwortlech gemaach ginn. Dir musst jidderzäit konform mat de Sécherheetsinstruktiounen sinn, wouzou et gehéiert, all verbuedenen Zougang zu Ären Zougangsdaten an Ärem Passwuert ze verhënneren. Dir sidd aleng responsabel fir d'Notzung vun eisem Site op Ärem Computer, IP-Adress an Är Indentifikatiounsangaben, esouwéi fir hir d'Vertraulechkeet.
Ännerungen un dëser Dateschutzrichtlinn
Go Vocal behält sech d'Recht vir, dës Dateschutzrichtlinn jidderzäit duerch Benoriichtegung op dëser Säit ze änneren. Mir encouragéieren Iech, dës Säit op méiglech Ännerugen ze kontrolléieren. Den Datum vun der leschter Ännerung gëtt um Säitenenn uginn. Wann e Benotzer enger Ännnerung an der Richtlinn widdersprécht, däerf de Benotzer dës Applikatioun net méi weider gebrauchen. Wann net anecht uginn, gëllt déi aktuell Dateschutzrichhtlinn fir all Perséinlech Dinnéeën, déi mir gesammelt hunn.
Leschten Update: 17/12/2019
