Wiesselt op den Haaptinhalt

Iwwer des Plattform

Wëllkomm op der Plattform fir Biergerbedeelegung vun der Gemeng Kayl

D’Gemeng Kayl wëll jiddwerengem d’Méiglechkeet ginn, sech aktiv um Liewe vun der Gemeng ze bedeelegen, seng Iddien ze deelen an zu hirer Weiderentwécklung bäizedroen. Dës Plattform ass eng Plaz fir Austausch a Bedeelegung, op där d’Awunner*innen sech kënnen ausdrécken, Projete virschloen an un de verschiddenen Initiativen vun der Gemeng deelhuele kënnen.

D’Plattform ka fir verschidde Prozesser vun der Consultatioun a Bedeelegung agesat ginn: d’Sammele vun Iddien, Ofstëmmungen, Diskussiounen, Ëmfroen, Erhiewunge vu Meenungen, e participative Budget, interaktiv Kaarten, d’Auswiel tëscht verschiddene Szenarien, d’Ënnerstëtzung vude lokale Veräiner a villes méi.

Op der Startsäit fannt Dir déi aktuell aktiv Prozesser an och d’Phas, an där si sech de Moment befannen. Jee no Prozess kann also jiddwerengem seng Iddi virstellen, seng Meenung äusseren, un enger Diskussioun deelhuelen oder sech un enger Entscheedung bedeelegen.

Eng Gemeng, déi sech fir en interkulturellt Zesummeliewe asetzt

Dës Approche ass och Deel vum Engagement vun der Gemeng Kayl fir en interkulturellt Zesummeliewen. Am Joer 2025 huet d’Gemeng de Gemengepakt vim interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen an domat hire Wëllen ausgedréckt, d’Bedeelegung vun alle Persounen, déi an der Gemeng liewen oder schaffen, ze stäerken, den Zougang zu Informatiounen ze fërderen an den Dialog an d’Inklusioun ze promouvéieren.

Dës Plattform ass domat en zousätzlecht Instrument, fir dëst Engagement an d’Praxis ëmzesetzen: well eng Gemeng zesumme mat deene Leit gestalt gëtt, déi do liewen.

Horizontal separation rule

Wéi mellt Dir Iech op der Plattform un?

Umelle kann ee sech einfach, andeem ee säi Vir- an Nonumm a seng E-Mail-Adress ugëtt. Dir kënnt och Äre Facebook- oder Google-Kont benotzen. Nëmmen Äre Vir- an Nonumm ass fir aner Persoune siichtbar.

Kann ech och als Veräin/Organisatioun/Kommitee deelhuelen?

Jo, dat ass méiglech. Well nëmmen Äre Vir- an Nonumm fir aner Persounen op der Plattform siichtbar sinn, kënnt Dir einfach den Numm vun Ärer Organisatioun benotzen, fir Äre Profil unzeleeën.