Wiesselt op den Haaptinhalt

FAQ

Fir wat ass dës Plattform gutt?

Dës Plattform ass als zentrale Dréischeif konzipéiert, fir Informatiounen ze deelen an Ureegungen a Feedback ze kréien. Bedeelegungsprojeten, déi momentan aktiv sinn, ginn op der Homepage gewisen – all Bedeelegungssprojet kann eng aner Aart vun Engagement hunn, entweder eng Iddi bäidroen, eng Propositioun kommentéieren, iwwer Projeten ofstëmmen an se prioriséieren, oder un enger Ëmfro deelhuelen. 

Wéi kann ech deelhuelen? 

Dir kënnt ëffentlech Projeten jidderzäit duerchsichen, awer Dir must Iech umellen, fir aktiv ze ginn. Doduerch gëtt e Gemeinschftsgefill gefleegt a stellt Legitimitéit vun de Bäiträg sécher. 

Wat fir Informatioune gesinn d’Leit iwwer mech?

Ären Numm, Foto a Bio, wann Dir eng agestallt hutt, si siichtbar. Dir kënnt dat jidderzäit an den Astellungen ännneren.

Firwat kann ech mäi Bäitrag net posten oder e Kommentar areechen?

Posten, Kommentéieren an Ofstëmme kéint nëmme zu bestëmmten Zäiten oder Projetsphasen aktivéiert sinn. An e puer Fäll kéint e Projet nëmmen fir Bäiträg vun engem bestëmmten Interessensgrupp op sinn.

Wa Posten aktuell fir e Projet aktivéiert ass, gesitt Dir e Knapp, deen Iech opfuertdert, e Post anzereechen. Alternativ kënnt Dir aner aktiv Projeten no zousätzleche Méichlechkeeten, Iech z’engagéieren, duerchsichen.

Wéi editéieren oder läschen ech mäi Bäitrag?

Wann Dir Äre Bäitrag gepost hutt, en awer editéieren oder läsche wëllt, fannt Dir dës Optioun duerch Klicken op déi dräi kleng Punkten uewen op der rietser Säit vum Post.

Wat sinn d’Gemeinschaftsrichtlinnen an d’Moderatiounspolitik?

Eis Gemeinschaftsrichtlinn soll d’Plattform zu enger sécherer Plaz fir all Participante maachen. Wgl. stellt sécher, datt Är Posten fräi si vun:

  • Perséinlechen Attacken, Beleedegungen, beleedegenden an diskriminéierende Kommentaren
  • Beleedegender Sprooch inklusiv Obszönitéit
  • Marketingtexter oder Reklammen
  • Perséinlech Informatiounen iwwer aner Persounen
  • Material, dat duerch Copyright geschützt ass, wéi Biller

All Posten a Kommentaren, déi sech net un dës Richtlinnen halen, kënnen editéiert oder geläscht ginn, oder däerfen an extreme Fäll net gepost ginn. Fir méi Informatiounen liest wgl. eis Geschäftsbedéngungen. 

Wéi kann ech e beleedegende Post mellen?

Klickt op déi dräi kleng Punkten am ieweschte rietsen Eck vum Post, fir en ze mellen. Gitt wgl. de Grond un, firwat Dir den Inhalt mellt – doduerch gëtt eng Benoriichtegung fir de Post schécken, deen iwwerpréift muss ginn.

Fir wat hunn ech Schwieregkeeten, mech unzemellen oder anzeloggen?

Wann Dir Iech net umelle kënnt, hutt Dir Iech vläicht scho mat derselwechter E-Mail-Adress registréiert oder virdrun eng Invitatioun kritt fir der Plattform bäizetrieden. Wann Dir e Message gesitt, datt Är E-Mail-Adress vun enger ausstoender Invitatioun benotzt gëtt, iwwerpréift wgl. Är E-Mail-Adress a besicht de Link an der Invitatioun, fir Äre Kont ze registréieren. Wann Dir d’Invitatioun net fannt, kuckt an Äre Spam-Classeur oder frot eng nei Invitatioun un. 

Wéi setzen ech mäi Passwuert zeréck?

Dir kënnt jidderzäit d’Zerécksetzung vun Ärem Passwuert ufroen. Wann Dir Äert Passwuert zerécksetzt, gëtt e Link un Är E-Mail-Adress geschéckt – befollegt d’Instruktiounen, fir Äert Passwuert z’änneren. Aus Sécherheetsgrënn ass de Link eng Stonn gëlteg. Wann de Link ofgelaf ass, kënnt Dir einfach nach eng Kéier op ‘Passwuert vergiess?’ op der Login-Säit, fir en neie Link ze generéieren.

Wann Dir keng E-Mail kritt, iwwerpréift, ob se net an Ärem Spam ass, an datt Dir de Link un déiselwecht E-Mail-Adress schéckt, mat der Dir Iech ugemellt hutt.

Wat geschitt mat Mengen Donnéeën?

Liest eis Dateschutzrichtlinn fir méi iwwer Datenerhiewung an -notzung gewuer ze ginn. Fir et kuerz ze maachen, mir wäerten Är Donnéeën ni fir Reklamm, Marketing oder aner Aarte vu Spam notzen.

Wat fir E-Mailen wäert ech kréien?

Dir kéint E-Mailen a bezüglech Ärem Kont an Ärer Aktivitéit op der Plattform kréien, zum Beispill wann eng Persoun op ee vun Äre Posten äntwert. Dir kënnt an Ären Astellunge festleeën, wat fir E-Mailen Dir kritt. Am Beräich “Benoriichtegungen” kënnt Dir E-Mail-Benoriichtegungen an- an ausschalten.

Wéi läschen ech mäi Kont?

An Ären Astellungen ass eng Optioun fir Äre Kont ze läschen. D’Bäiträg, déi Dir gepost hutt, bleiwe verëffentlecht, awer Ären Numm gëtt aus dem Post geläscht an duerch ’onbekannten Auteur’ ersatz Wann Dir all Är Bäiträg läsche wëllt, maacht dat wgl. éier Dir Äre Kont läscht.